Lycée Technique d'Esch-sur-Alzette

00MI an 01IF op Hamburg

Vum 06/05 bis den 10/05 waren d’00MI an d’01IF op Hamburg.

Vum 06/05 bis den 10/05 waren d’00MI an d’01IF op Hamburg. Et war den Weekend vum Hafenfest, esou dass richteg vill lass war um an ronderëm den Hafen. 
 
Mir waren den Containerhafen, eng Kéier vum Land aus, an eng Kéier vum Waasser aus besichtegen. Besonnesch impressionnant waren natierlech déi ganz grouss Containerschëffer an déi ganz Logistik am Hafen.
 
Zousätzlech waren mer natierlech och nach d’Miniaturwelten  kucken. D’Kréinung awer war definitiv eng Visite vun Airbus. Do kruten mer een ganz gudden Abléck an d’Produktioun vun den Fligeren. An och den A380 huet net gefeelt, deen een mat sengen enormen Ausmoossen einfach nëmmen staunen léisst.
loading images...